
An Hennessen - Crèche à Liefrange
À propos
An Hennessen - Crèche à Liefrange
D'Crèche an Hennessen, ass no enger laanger Renovatiounsphase vun engem Hotel/Restaurant an eng familiär agriichten Crèche verwandelt ginn. D’Haus leit an engem rouegen Duerf a gemittlecher Atmosphäre, mat vill Gréngs rondrëm d’Dir an engem groussen Parking fir d’Elteren. Insgesamt huet d’Crèche 38 Platzen zur Verfügung, opgedeelt an 3 Gruppen: D’Wiichtelcher: 2 Méint bis 18 Méint D’Léiweckelcher: 18 Méint bis 3 Joer D’Ëchelcher: 3 Joer bis 4 Joer All Grupp huet säin individuell ageriichten Grupperaum mat eenzelnen Schlofkummeren um 1. Stack. D’Bébéen an och déi grouss Kanner hunn jeeweils en separaten Gaart. An eiser Hauseegener Kichen, gëtt all Dag frësch gekacht an wäitgehend mat regionalen Produiten. D’Kächin selwer stellt all Mount nei ofwiesslungsräich Menu’en zesummen an stëmmt d’Iessen bei den Bébéen och individuell af. INDIVIDUELL AN HÄERZLECH OP ALL KAND ANGOËN – HOT “AN HENNËSSEN“ HÉCHST PRIORITÉIT!
Ce que propose cet établissement
Avis Google
5 • 3 avis



