Verschidden Déiere maachen an hirem Bau e Wanterschlof, anerer hu sech Fettreserven ugefriess an nach anerer hunn iwwert de Summer Fudder gesammelt a verstoppt.
Mir kucke wéi eng Déieren dat sinn a lauschteren eis eng Geschicht vun hinnen un.
Wann s du en Déier wiers, wéi géings du dech entscheeden? Léiwer de ganze Wanter schlofen oder am Schnéi no Nëss wulle goen?
Alter : 7 bis 9 Joer
Reservéierung obligatoresch.