Fannen d ‘Villercher elo nach vill fir z’iessen?
Wann de Buedem gefruer ass oder Schnéi d’Bëscher bedeckt, kann d’Wieder d’Liewe fir vill Villercher méi schwiereg maachen.
Wéi kënne mir hinnen do vläicht hëllefen? Mir setzen eis zesummen, diskutéiere wat mir maache kënnen a fanne raus wat eis gefligelt Kolleege gär hunn, a wéi mir si am beschten ënnerstëtze kënnen.
D’Iddi ass, eppes ganz Besonnesches fir se ze preparéieren, fir si duerch de Wanter ze bréngen.
Alter : 6 bis 9 Joer
Reservéierung obligatoresch.