
D’Jona ass e Päiperlek, wëll, schéin a voller Energie! D’Jona léisst sech vum Wand droen a wa säi Mo ufänkt mat grommelen…. Mir huelen eis Zäit d’Geschicht vum Kati Bohnet kennen ze léieren a flott Übungen auszeprobéieren. Komm mat engem Erwuessenen, mat deem’s du gär zesumme bass an d’Lëtzebuerg City Bibliothèque.
Mir verbréngen zesummen e schéine Moien an du fënns iwwerdeems wats du maache kanns wann et dir mol net gutt geet.
Et ass hëllefräich, wann een dee Moment weess, wéi ee reagéiere kann
Alter: 4 bis 8 Joer
Reservatioun obligatoresch.
(www.familijen-center.lu)