
Cette description n’existe pas en français.
D‘Geschicht vum klenge Fuuss, deen e Buch wollt schreiwen
Figurentheater vum Dany Gales mat Live Musik
Organiséiert vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Mamer.
Piano: Georges Urwald
Clarinette: Anne Kaftan
Perkussioun: Franck Hemmerle
Plaz: Mamer – Centre culturel Kinnéksbond
Datum: Sonndes, de 27. Abrëll
Auerzäit: 16:00
Alter: 4-11 Joer
Sprooch: Létzebuergesch
Et ass d’Geschicht vun engem klenge Fuuss, dee gäre Bicher liest. Enges Daags wëllt de Fuuss selwer e Buch schreiwen. Hie sicht eng wäiss Fieder, e schéint Heft an en Dëppche mat däischterbloer Tënt. De Fuuss wëllt ufänken, seng Geschicht ze schreiwen. Mee wéi hie virum wäisse Blat sëtzt, kënnt kee Wuert aus senger Fieder! ” Mmm… iwwert wat soll ech schreiwen? “, freet de Fuuss sech a spadséiert an de Bësch, fir sech ze inspiréieren.
Kommt mam Fuuss op d’Sich no der Inspiratioun an erlieft dës léif Geschicht mat faarwege Biller an aussergewéinlecher Musik. Wéi am musikalesche Spektakel Kolja a Galina, wa Kuebe reesen… ginn och bei dëser neier Geschicht vum klenge Fuuss d’Kanner interaktiv bedeelegt. Loosst iech iwwerraschen!