Cette description n’existe pas en français.
Et wor emol an engem klenge Land, dat wor als Lëtzebuerg bekannt …
Esou kënnt e Märchen ufänken iwwert e Land mat senge Leit, senge Geschichten, sengen Naupen, senge Meenungen an nach vill Anerem. Et huet een oft d’Impressioun, wéi wa verschiddener vun deene Leit déi do wunnen, heemlech dervun iwwerzeegt wären, si géife wierklech an engem Märche-Land liewen. An dobäi leeft bei ons hei grad esouvill derniewent wéi iwwerall soss. A mir si mat deene selwechte Geschichte geplot wéi di aner, och wa vläicht net grad esou schlëmm wéi a munnech Deeler vun der Welt. Esou munches ass an der leschter Zäit geschitt. Mir hunn eng nei Regierung, di künstlech Intelligenz mécht sech breet, op der Fouer (an net nëmmen do) gëtt alles ëmmer méi deier, Verschwörungstheorie gi méi heefeg, et gëtt gelunn, Terrorattacke ginn et iwwerall an zu all Moment … Fréier wor et dach awer … besser? Oder awer net?
Mat Texter a Lidder beschäftegt sech de Batter Séiss op seng gewinnte witzeg Aart a Weis mat dësen Thematiken. Et ass dem Ensembel säin 12. Programm, deen ënnert der Regie vum Rob Wagner steet a vun den Actrice Vicky Wagner, Maryse Dondelinger zesumme mat den Acteuren Thierry Feiereisen a Rob Wagner gespillt gëtt. D’Texter vun de Sketcher an de Lidder sinn zum groussen Deel vum Cabaret Batter Séiss selwer a goufe geschriwwe vum Vicky a vum Rob Wagner
16.11
20h00
2 x 1 Stonn Optrëtt
Cabaret Sall
Pour ce tout nouveau numéro, nous avons consacré notre magazine à nos amies tortues marines et terrestres. Little Kideaz n°9 est déjà disponible dans notre boutique en ligne, alors n'attendez plus pour le commander !