Cette description n’existe pas en français.
ARAMA TULIPA
E flotte Musical vu Kanner fir Kanner
Zu Istanbul regéiert de Sultan Abdul. Seng Fra, d’Sultanin Nuri an hien hunn eng Duechter, d’Prinzessin Aylin. Trotz allem Räichtum ass d’Prinzessin Aylin ëmmer traureg an hält net op mat kräischen, De Sultan Abdul, rifft a senger Verzweiflung säi Geléierte Mustafa erbäi.
Dee soll a sengem décke Buch vun der Akasha kucken, datt d’Aylin endlech soll ophale mat kräischen. De Mustafa fënnt dann eraus, datt et nëmmen eng Léisung gëtt an dat ass d’Wonnerblumm TULIPA.
De Sultan Abdul entdeckt tatsächlech op deem grousse Bazar zu Istanbul d’Knoll vun där Wonnerblumm. Wéi hien d’TULIPA wëll mat an de Palast huelen, klaut de Clus vun Haarlem d’Wonnerblumm a verschwënnt dermat an Holland. An esou kënnt et zu där geféierlecher Sichaktioun: ARAMA TULIPA. Dës Sichaktioun gëtt natierlech geleet vun eisen zwee Kommissäre vu Gonnereng: dem Jimmy Schnoffler an dem Camille Driipsert…